autism

Schrëtt fir Schrëtt zu méi Selbststännegkeet

Vun der FAL an den CTSA a rëm zréck

D’Fondation Autisme Luxembourg (FAL) gouf am Joer 1996 vun engem Grupp vu betraffenen Eltere gegrënnt, déi eppes géint de Mangel un Ariichtungen an Déngschtleeschtunge fir Persoune mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung (ASS) ënnerhuele wollten.

Et ginn ëmmer nach vill ze vill Familljen hei zu Lëtzebuerg, déi keng passend Wunnplaz fir hiert Kand mat High-Level Autismus (héije Grad un Autismus) fannen. Aus dësem Grond gehéiert et zu eise Prioritéiten, eis Wunnstrukturen ëmmer weider auszebauen: de 5. Oktober hu mir en neie Foyer, de Foyer 6, an eiser Wunnstruktur zu Rammerech opgemaach. Hei hunn 6 Persoune mat ASS hiert neit Doheem fonnt an en neit Kapitel vun hirem Liewen opgeschloen.

D’Wunnstruktur bitt 365 Deeg am Joer ee Wunnraum, an deem d’Bewunner ee mënschewierdegt Liewen, ugepasst un hir individuell Bedierfnesser, féiere kënnen. D‘Residente liewen hei zesumme wéi eng kleng Famill an huelen déi üblech Haushaltsaarbechte wouer. Dat edukatiivt Team begleet si bei der Ausféierung vun den Alldagsaufgaben a bei de Fräizäitaktivitéiten. Zudeem gi geziilt Übungen zur Fërderung vun der Autonomie a Kommunikatioun souwéi dem Wuelbefanne vun der Persoun ugestrieft. Nieft der Wunnstruktur gëtt et hei och en Dageszenter mat diversen Atelieren, an deem d’Bewunner souwéi extern Beneficiairen, an hirem alldeegleche Liewe sënnvollen Aktivitéiten nogoe kënnen.

Mä, och fir eis Stëftung huet de Foyer zu Rammerech e komplett neit Kapitel mat sech bruecht: 3 vun deene 6 Persoune sinn nach mannerjäreg a ginn nach an d‘Schoul. Et ass déi éischte Kéier, dass mir mannerjäreg Persounen an engem vun eise Foyeren opgeholl hunn. D’Jugendlecher liewe mat deenen anere Bewunner am Foyer a ginn daagsiwwer an de Grupp Post-fondamental -Préparation à la vie active et autonome op de Site zu Leideleng vum CTSA (Centre pour enfants et jeunes présentant un trouble du spectre autistique) an d‘Schoul.

„Virun e puer Joer si mir gewuer ginn, datt et jonk Lëtzebuerger ginn, déi a Wunnstrukturen an Däitschland an an der Belsch liewen, well et hei zu Lëtzebuerg keng passend Plaz fir si gouf. Eis war direkt kloer, dass mir dës jonk Leit zréck an hir Land, an d’Géigend vun hiren Elteren, brénge wëllen. Dëse Wonsch war d’Haaptelement vun eiser Entscheedung, e Foyer opzemaachen, deen och fir mannerjäreg Persoune bestëmmt ass.“, erkläert d’Corinne, d’Responsabel vun eisem psychopedagogesche Beräich.

Mä, wéi gesäit een typesche Schoulalldag vun eisen 3 Kanner aus?

Fir méi iwwert hire Schoulalldag gewuer ze ginn, hunn ech mech mam Sabine Angelsen, der Directrice vum CTSA, dem Claude Frosio, Directeur adjoint, a mam Ben an dem Steve, zwee Titulairen, déi eis Bewunner wärend hirem Schoulalldag begleeden, getraff.

Wéi si 3 mir erkläert hunn, sinn dës 3 Schüler scho vu Klengem un am CTSA, oder IEAP (Institut pour enfants psychotiques et autistiques), wéi de Centre fréier geheescht huet.

Mat Hëllef vum Transportdéngscht CAPABS sécher an d‘Schoul

Nodeems sech eis Kanner moies zesumme mat den Educateuren am Foyer vun der FAL fir hiren Dag fäerdeg gemaach hunn, fueren d’Schüler mat Hëllef vum Transportdéngscht CAPABS (Transport Complémentaire d’Accessibilité pour Personnes à Besoins Spécifiques) mat hirem Eenzelbus an d’Schoul.

Wann si dann zu Leideleng ukommen, ginn si direkt vun hirem Titulaire, dee fir dee Schouldag fir si zoustänneg ass, empfaangen. Ab da sinn si de ganzen Dag ënnert senger Opsiicht, bis si da rëm vum Service CAPABS mat hirem Eenzelbus ofgeholl ginn, fir erëm zréck bei eis an de Foyer ze fueren.

„Wann si an der Schoul ukommen, geet fir d’éischt Jiddereen seng Aarbechtskleedung undoen. An dëser besonnescher Zäit vum Coronavirus gehéiert zu dëser Etappe och d’Desinfektioun vun den Hänn dozou. Dono ginn si hiert perséinlecht Bichelchen, de „Cahier de Communication“ of. Mat Hëllef vun dësem Bichelchen tausche mir eis dagdeeglech mat hire Betreier vun der FAL aus. Heivir schreiwe mir souwéi och d‘Educateure vun der FAL all Dag op, wéi deejéinege Schüler den Dag iwwer drop war an op him deen Dag iergendeppes Wichteges geschitt ass, wat mir vunenee wësse missten. Kloer ass awer och, datt mir net zécken, bei méi dréngende Saachen déi perséinlech Kommunikatioun mateneen ze sichen. Mir si wierklech frou iwwert déi gutt Zesummenaarbecht a wëllen dës och esou bäibehalen a fërderen. Desto besser eis Zesummenaarbecht ass, desto besser kënne mir zesumme fir d’Wuel vum Kand suergen.“, esou de Ben.

Vu liewensprakteschen Aufgabe bis hin zu rouege Momenter fir ofzeschalten

Nodeems si sech fäerdeg ugedoen hunn ginn d’Schüler zesumme mat hirem zoustännege Betreier bei den Dagesplang (aus Fotoen, Pictogrammen, Schrëft, jee no Kompetenzen vum Schüler), deen sech zesummen ugekuckt gëtt ier et an den éischten Atelier vum Dag geet. Wéi d‘Directrice mir erkläert huet, ginn an dësen Atelieren, déi „Préparation à la vie active et autonome“ genannt ginn, liewenspraktesch Aufgabe gemaach. Dëst sinn Aufgaben, déi hir Selbststännegkeet an alle Liewensberäicher fërdere soll an d’Schüler op hiert zukünfteg Liewe virbereede sollen. Zu den Ateliere gehéieren ënner Anerem en Holzatelier, e Keramikatelier, eng Buanderie, e Bitzatelier an e Kichenatelier. Esou sollen d’Schüler esou vill wéi méiglech Kenntnisser a verschiddene Beräicher kenne léieren.

Wichteg och ze wëssen ass, dass et am CTSA keng allgemeng Bewäertung wéi am Lycée an et soumat och kee Leeschtungsdrock gëtt: „Am Ufank vum Schouljoer gëtt bei all Schüler ganz individuell gekuckt, wéi eng Ziler hie fir dëst Schouljoer kritt. Op dës Ziler hin gëtt dann säi Stonneplang ganz individuell opgebaut. Dëse Stonneplang bleift dat ganzt Schouljoer iwwer konstant. Esou wëssen d‘Schüler ëmmer schonn am Viraus ganz genau, wat am Dag op si duerkomme wäert, wat fir hir Orientéierung vun immenser Bedeitung ass.“, sou de Steve.

Wéi de Steve mir erzielt huet, huet hien all Méindes ee vun eise Kanner a sengem Grupp ze betreien. Den Dag fänkt domat un, datt si zesumme verschidde Liewensmëttel akafe ginn an dann aus dësen am Kichenatelier eppes Guddes zauberen: „Méindes moies steet bei eis d’Kachen um Programm, an dëst bis zur Mëttegpaus. An der Mëttegpaus iesse mir dann all zesummen an dono gëtt eng Relaxatiounsseance gemaach. Dëst ass fir eis Schüler enorm wichteg, datt si och hir Momenter hunn, fir kënnen ofzeschalten. No dëser Seance gi mir Mëttes nach an de Bësch spadséieren. Wa mir da vum spadséiere rëm zréck kommen, kréien si hiert Bichelchen, wat ech den Dag iwwer ausgefëllt hunn, zréck, waarden op de Bus a fuere rëm bei Iech an de Foyer. Dat ass esou een typesche Schoulalldag vun hinnen.“

Och perséinlech solle si sech am CTSA weiderentwéckelen

Wéi de Ben mir erkläert huet, hunn si awer och verschidde Schüler, déi de ganzen Dag iwwer eng 1 zu 1 Betreiung kréien an net an engem Grupp mat anere Schüler zesumme sinn. Dëst hänkt ëmmer ganz vun den individuelle Bedierfnesser vun all Schüler of: „Vun deenen 3 Schüler, déi aus Ärem Foyer bei eis kommen, sinn der 2 déi momentan nach eng 1 zu 1 Betreiung kréien. Ee vun den Haaptziler vun dëse Schüler ass et awer, ze léieren, sech besser an engem Grupp ze integréieren an sech selwer net méi sou ze isoléieren. Och esou Ziler gehéieren also zu hirem Plang vum Schouljoer. Nieft deenen Ziler vu praktesche Kenntnisser, déi si erreeche sollen, sollen si sech och perséinlech weiderentwéckelen.“, sou de Ben.

Wéi d‘Directrice mir erkläert huet, sinn d‘Atelieren zu Leideleng an Zéisséng, niewend den aktuell 4 classes de cohabitations vum CTSA an de Lycéeën, déi lescht Statiounen, déi d’Schüler am CTSA besiche wäerten. D’Zil vun den Atelieren ass et also, si beschtméiglechst op hir spéider Zukunft virzebereeden. Wann d’Schüler tëschent 16 an 18 Joer al sinn, ginn si an hir Elteren orientéiert fir entweder an en sougenannten "Atelier Protégé" oder si komme bei d‘FAL an den Dageszenter. Et gëtt also ganz individuell bei all Schüler gekuckt, wat seng Bedierfnesser sinn a wou seng Stäerken a Schwäche leien, fir si dann op dat Liewe virzebereeden, wat am beschte fir si ass. Bei eisen 3 Kanner wäert dëst eisen Dageszenter fir Erwuessener sinn.

Vue dass Dënschdes an Donneschdes Mëttes keng Schoul ass, ginn eis 3 Jonker wärend där Zäit, genau esou wéi Samschdes a wärend de Schoulvakanzen, an eisen Dageszenter fir Kanner, deen sech direkt bei der Wunnstruktur befënnt. Eng Rëtsch vun Aktivitéiten (Bastelen, Sport a Spiller), déi hirem Alter an hiren Interessen entspriechen, ginn hinnen hei ugebueden.

„Jo zur Inclusioun – mä net zu all Präis!“

Op meng Fro hin, wat sech fir Schüler mat Autismus hei am Land nach onbedéngt verbessere muss, ass sech d’Directrice sécher: „Et feelt ganz kloer un Ressourcen. Et besteet net nëmmen e Mangel un passende Raimlechkeeten, mä och e grousse Mangel un erfuerenem Personal. Et wier hëllefräich wann an der Ausbildung vum lëtzebuergeschem Léierpersonal méi op eng gutt Prise en Charge vu Kanner mat spezifesche Bedierfnesser ausgebilt géif ginn. Och missten si vill méi Stagë wärend hirem Studium an deem Beräich maachen. Zudeem feelt et nach vill un Toleranz a Versteesdemech géigeniwwer vu Schüler mat Autismus an der Gesellschaft. Do ass nach vill Sensibiliséierungsaarbecht noutwendeg.“

Zudeem seet den Här Frosio e Wuert zur Inclusioun: „Et gëtt ëmmer gesot, dass méi fir eng Inclusioun an den „normale“ Schoule muss gemaach ginn. Mee Fakt ass, dass et Kanner ginn, déi ënnert der Inclusioun just leiden. Dofir soe mir: Jo zur Inclusioun – mee net zu all Präis! Mir hunn Schüler, deenen et mat der Inclusioun einfach net géif gutt goen - an awer ass dat eppes, wat ëmmer rëm vun der Gesellschaft verlaangt gëtt. Aus deem Grond fillen sech d’Elteren da schlecht wann si hiert Kand an eng Spezialschoul ginn. Si mengen dann si hätten eppes falsch gemaach well si eben net fir d‘Inklusioun vun hirem Kand gekämpft hunn. Dobäi sollt et anescht sinn: et huet een e Choix un verschiddene Schoulen an et entscheet een sech fir déi Schoul, déi am beschte fir d’Wuel vum Kand ass. Egal op eng Spezialschoul oder net – an et sollt een eng Spezialschoul net als negativ betruechten. Grad dës 3 Schüler, déi elo an Ärem Foyer liewen, géifen einfach net an eng aner Schoul passen a sinn gutt do wou si elo sinn. All Kand mat Autismus ass anescht – just well d‘Inklusioun bei verschiddene Schüler funktionéiert, heescht dat net, dass et och fir all Kand dat Richtegt ass.“

Jodie Schmit – FAL 

  • Schrëtt fir Schrëtt zu méi Selbststännegkeet