autism

Aarbecht a Beruffsliewen

Wéi kann ee sech als Persoun mam Asperger Syndrom an der Aarbechtswelt integréieren a wéi eng Erausfuerderunge ginn et net nëmme fir déi betraffe Persoun, mä och fir de Patron a fir d’Aarbechtskolleegen?

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg (FAL) dëst Joer feiert, wëlle mir de breede Spektrum vum Autismus der Gesellschaft méi no bréngen. Heifir riichte mir dat ganzt Joer iwwer eis Opmierksamkeet all Mount op een anere bestëmmte Liewensberäich, a schwätze mat betraffe Persounen iwwert hir eegen Erfarungen. Zudeem ronne mir dat Ganzt mat fachlechen Aussoe vun Experte vun eiser Fondatioun of.

Autismus ass een eeschten Handicap, vun deem méi wéi 1 Persoun vun 100 betraff ass. Dëst mëcht eleng hei zu Lëtzebuerg méi wéi 6000 Persoune mat enger AutismusSpektrum-Stéierung (ASS). An awer wëssen nëmmen déi mannst, wat Autismus wierklech ass a wat dësen Handicap fir déi betraffe Persoun an hiert Ëmfeld bedeit.

Säit Januar interesséiere mir eis u ganz bestëmmte Liewensberäicher am Zesummenhang mat Autismus. Am Abrëll, Mount vum Weltautismusdag, hu mir eis Opmierksamkeet op d’Behënnerung Autismus, souwéi op den Diagnostik vum Autismus-Spektrum geluecht. Wéi mir et bis elo scho gesinn hunn, ass all Persoun am autistesche Spektrum ganz individuell. An esou individuell wéi si och ass, esou individuell kënnen och hir Problemer sinn, bei deene si op Ënnerstëtzung ugewisen ass.

D’Aarbechtswelt ass keng einfach Welt.

Déi meescht Leit am Spektrum hu Schwieregkeete fir eng sécher Plaz ze fannen a sech an enger Ekipp ze integréieren. Fir méi doriwwer gewuer ze ginn hu mir mat verschiddene Mënschen aus dem Autismus-Spektrum iwwert hir Erfarungen am Beräich vun der Aarbecht a vum Beruffsliewen geschwat. Aus hiren Aussoe kann ee besser verstoen op wat een als Patron soll Rücksicht huelen a wéi een d‘Situatioun fir beid Säite kéint vereinfachen. Mir gesinn am Laf vum Artikel datt och net nëmmen repetitiv Aarbechten méiglech sinn wéi oft ugeholl gëtt. Alles hänkt vun de Kompetenze vun der Persoun an vun der Collaboratioun vun den Aarbechtskollegen of.

Zudeem huet eis d’Martine Weber, säit 2008 bei der Fondatioun a säit 2015 Responsabel vun der Gestioun vun de Ressources humaines, erklärt op wat ee soll oppassen wann een eng autistesch Persoun astellt. Sie ass der Meenung, datt een net vu vir eran soe soll, dat ee bestëmmte Beräich näischt fir autistesch Leit ass. 

Joel: “Mee ech sinn een dee soziale Kontakt brauch.”

De Joel schafft säit Abrëll 2021, als Interimaire an engem Labo zu Lëtzebuerg. Et soll awer nach fir e weidergoe well en als Plang huet an der Educateur gradué’s Schoul zu Léck weider ze léieren.

FAL: Joel, du hues 15 Méint an enger Bus-Firma geschafft a bass elo an engem lëtzebuergesche Labo. Wéi fills du dech op der aktueller Plaz ?

Joel: Et ass interessant. Hei huet ee mol nach Zäit fir an d‘Cafeteria iessen ze goen. Et ass méi mënschlech, well och de Kader ginn ass fir et ze erlaben. Beim Labo ass den Aarbechtsklima ganz fein. Virdru war et esou : du sëtz dech an de Bus an du fiers... Dat war elo net dat esou fir mech, mee dat wosst ech am Ufank net...dat hunn ech esou eraus fonnt iwwert e Prozess.

FAL: Ass däin Aarbechtsenvironnement dann ugepasst ginn ?

Joel: Nee, ech kommen als klasseschen Employé. Do muss ech dann dem normale Rhythmus nogoen. Heiansdo geet, jee no Tâchen déi ech deen Dag hunn, dann och d’Mëttegpaus drop. De Kontrakt ass just fir dräi Méint an e kéint erneiert ginn, mee ech wëll och en anere Patron fanne fir meng zukünfteg Studien.

FAL: Du hues vu Tâchen vum Dag geschwat, kriss du se da laang am Viraus gemellt an erkläert ?

Joel: Nee, et ass ëmmer vun Dag zu Dag. Elo geet et... awer am Fong well ech weess datt ech Mëttes mäi Planning fir den Dag drop kréien. Ech kucken et dann Owes doheem relax. Am Ufank sinn ech net eens gi mat der Situatioun, mee dat ass ëmmer de Fall wann een eppes Neies ufänkt. Dat dauert dann eng bis zwou Wochen an dann ass et ok.

Bei verschiddenen Tâchen a wann d’Kommunikatioun net kloer ass, da gi ech net eens well ech et aneschters interpretéieren. A wann et fir deen ee kloer ass dann ass et dat vläicht fir mech net well ech méi Detailer brauch. Heiansdo ass da keng Zäit fir et besser erkläert ze kréien an et mécht een eenzel kleng Feeler.

FAL: Géifs du soen dass du schaffe muss fir dech ze strukturéieren ?

Joel: Ech muss schaffen! Ech brauch Schaffe fir mäi System am Kapp och bäizebehalen. Ech ka moies net opstoen an ech hunn näischt um Plang. Ech hunn e Wocheplang doheem, dat hëlleft vill. Ech schreiwen drop wat opsteet, wat wichteg ass an der Woch. Ech war scho säit klengem een deen net konnt sëtze bleiwen. Wéi de Voltaire sot: „et soll ee säin eegene Gaart beaarbechten“. Et ass net nëmme fir säin Dag ze strukturéieren, mee fir sech och sënnvoll ze fillen. Net doheem ze setzen an ënner ze goen. Ech kann et an da wëll ech jo och schaffen.

FAL: Schaffen ass also och wichteg fir dech fir mat anere Leit zesummen ze sinn. D’sozial Interaktioune si bei dir also net limitéiert ?

Joel: D’Leit mengen mir wieren an deem soziale limitéiert, mee et ass jo e Spektrum an eenzel autistesch Persoune brauchen eben méi sozial Kontakter. Anerer brauchen der manner a si frou wann se de ganze Dag e Bildschierm viru sech hunn. Dat war bei mir ni de Fall...ech hunn natierlech och meng Phasen wou ech kee wëll gesinn. Mee ech sinn een dee soziale Kontakt brauch.

FAL: Hues du nach e Message fir d’Leit am Spektrum déi nach op der Sich sinn no enger Aarbecht ?

Joel: Se sollen sech net decouragéiere loossen a weider sichen. Mir autistesch Leit sinn eben aneschters an et hëlt da méi Zäit fir datt d’Gesellschaft dat versteet.

D’Hoffnung soll een op alle Fall net opginn, och wann et méi laang dauert. Et soll ee sech och net vergläichen, also keng “comparaison sociale” am Stil : deen een huet schonn eng Aarbecht, deen aneren huet schonn en Haus. Bei eis am Spektrum geet eben alles op engem anere Rhythmus. Mir erreechen eist Zil och.

Als lescht géif ech soen, datt et vill hëlleft wann een e Bilan sensoriel bei engem Psycholog opstellt. Et ass wichteg fir ze kucken wat ee wëll a wat ee kann oder wat ee net kann fir d’Echecen ze reduzéieren. Et soll ee sech net schummen. Et ass keng Schwächt fir extern Hëllef unzefroen. Déi Optioun soll een net direkt ewech sträichen.

David: “Ech hunn net d‘Gefill datt ech hei den David sinn deen Asperger huet, ech sinn den David deen och aner Qualitéiten huet."

Den David , deen eis scho säit Januar zu verschiddenen Theme säi Avis ofginn huet, schafft bei der FAL fir de Service ‚gestion des ressources humaines‘ an am Service ‚comptabilité‘.

FAL: Wéi bass du op de Posten bei der FAL opmierksam ginn ?

David: An enger Seance vum “Groupe de compétences sociales” ass erwäänt ginn, datt d’FAL gäre Leit mat Asperger-Syndrom géif anstellen. Se hu gefrot ob dat mech géif interesséieren. Ech hu natierlech zougesot. Ech hat 2 Entretienen am Haus, hunn e puer Tester gemaach fir ze kucken wéi mäi Niveau wier an et huet sech erausgestallt, datt ech géif passen.

FAL: Wéi passt sech d’FAL dann un ?

David: Et gëtt wierklech gekuckt wat d’Leit kënnen, wat d’Leit wëlle maachen, wéi motivéiert si sinn. An da gëtt och dorop gekuckt wat d’FAL vu Personal brauch fir d‘Tâchen déi gemaach solle ginn. Bei verschidde Saachen respektéiere si dass ech mech doranner net sou wuel fillen. Bei anere Saachen gëtt gesot do bass du net esou gutt, mee da kucke mir dass mir dech forméieren. Gréisstendeels ass d‘Verständis schonn en Amont do. Persounen am autistesche Spektrum kënnen eng Ekipp beräicheren. Et kann en décken Avantage sinn.

Ech weess och ganz genau datt wann ech mat iergend eppes e Problem hunn, eng Fro oder eppes net verstinn, datt ech da mat de Leit schwätze kann. Ech hunn och e Soutien hei op der Aarbecht vun enger Persoun déi ech scho virdru kannt hunn.

Also hues du eng Kontaktpersoun bei der FAL. Ass dat fir dech wichteg ?

David: D‘Kontaktpersoun am Fall wou eppes net klappt ass eng Plus-value. Eemol de Mount kuckt si wéi et geet, ob ech Problemer hunn op der Aarbecht, ob ech mech gutt integréiert hunn. Mee am grousse Ganzen ass et eng Plus-value datt bei der FAL esou vill a gutt kommunizéiert gëtt. Am Verglach mat anere Patrone wou een net konnt fräi soe wat net gaangen ass fir net agestuuft ze ginn als deen den net wëll oder deen den eng Extrawurscht wëll hunn.

Ech fille mech vill méi wuel. Ech hunn net d‘Gefill datt ech hei den David sinn deen Asperger huet, ech sinn den David deen och aner Qualitéiten huet. Ech ginn als Mënsch ugeholl.

FAL: Dat kléngt jo ganz positiv. Mee wéi spiers du dat ?

David: Et ass d’Aart a Weis vum schwätzen an et huet och ze di mat der Qualitéit an der Quantitéit vun de Relatiounen. D’Leit hu Loscht mat mir ze schwätzen, iwwert den Alldag, iwwert d’Wieder. Net onbedéngt iwwert d’Aarbecht. Meng Meenung gëtt och gefrot...Kuerz gefaasst : den Austausch ass do.

FAL: Du has awer och schonn aner Aarbechtserfarungen. Wéi war et do ?

David: Beim éischte Posten hat et vill mat Mobbing ze dinn. Ech souz an engem grousse Büro, en Open Space, mat éischter jonke Leit. An déi lescht 6 Wochen war ech am Krankeschäin, well ech et net méi gepackt hunn. Se hu mir awer en CDI an engem anere Service virgeschloen, wou ech méi roueg wär, mee ech war esou traumatiséiert datt ech deemools nee gesot hunn.

Soss hat ech nach Plazen, mee et waren oft CDDen déi net verlängert goufen well et mat der Integratioun net geklappt huet. Dotëschent war ech och am Chômage an ech denken datt ech Phasen hat, wou ech just e Wuert mat menger Mamm geschwat hunn an zwar war dat „Moien“.

FAL: Also ass schaffen fir dech ganz wichteg ?

David: Absolut ! Säitdeem ech elo hei schaffen kréien ech doheem gesot datt ech vill méi roueg a poséiert sinn, vill méi zefridde schéngen, wéi nach virun e puer Méint. Deeg wou et net gaangen ass hunn ech Berouegungsmëttel geholl, mee dat geschitt elo vill méi seelen. Natierlech ginn et nach Deeg wou ech heem kommen a wou ech Loscht op näischt hunn well ech ze midd sinn.

FAL: Wat si fir dech d’Contrainten vun der Aarbechtswelt ?

David: Fir alleguer ass et en Dschungel. All eenzel Persoun ass net nëmmen eng Nummer mee och e Mënsch. Du muss pünktlech sinn, du muss dech esou undoen, du muss esou denken, du muss esou schaffen, ëm déi Auerzäit muss du bei der Kaffismaschinn sinn. Fir en Autist ass et ganz schwéier fir sech an esou engem Schema eran ze fügen. Mat eenzel Saachen gi mir gutt ëm, mat anere... manner. Als autistesch Persoun ass et nach méi schwéier well een an enger Situatioun ass wou ee wéinst sengen Aschränkunge méi fragil ass um Aarbechtsmarché. Et huet ee vill méi Stress am Aarbechtsliewen an et gëtt méi oft krank.

Raymond “Mam normalen ëffentleche Transport ass et ganz schwéier, well een iwwert Emweeër vun doheem bis op der Schaff muss fueren. “

De Raymond (säin Numm gouf geännert) schafft an engem Atelier protégé als Gäertner wou e sech ëm den Entretien vun de Gréngflächen, de Wisen an den Hecke këmmert.

FAL: Wéi gesäit deng Aarbecht aus. Och a Covid-Zäiten war genuch ze dinn. D’Natur hält ni op. Oder?

Raymond: Mir schaffen no relativ normale Konditiounen. Mee mam Covid hu mir de Site och misse komplett zou maachen. Mir hunn do laang an enger Grupp A an an enger Grupp B geschafft. Jee nodeems a wéi enger Grupp dat ee war huet ee just zwee oder dräi Deeg d’Woch geschafft. Natierlech si mir do mat den Aarbechten hannendra komm.

FAL: Hues du da missen u Weiderbildungen deel huelen ?

Raymond: Ech hätt der missten méi maachen, mee duerch de ganze Covid si praktesch keng gemaach ginn. Eng déi mir gemaach hunn ass zum Beispill den Éischt Hëllef Cours. Dat war och virgeschriwwen. Aner Formatiounen déi ech ugebuede krut hunn ech net matgemaach well ech déi net hu misse maachen. Ech hätt kéinten, mee dat huet bei mech net gepasst wéinst dem Kierperkontakt deen ech net verdrin. Dat ass och esou acceptéiert ginn. Déi vum Éischt Hëllef Cours war eng ëffentlech Versammlung wou och Leit dobäi waren déi net am Atelier protégé sinn. Et war alles besat.

Wéi ass deng Relatioun mat den Aarbechtskolleegen ?

Raymond: Ech hale mech ëmmer e bësse méi fir mech, d’Responsabel loosse mech ganz vill Aarbechten eleng maachen wou anerer léiwer zu 2 oder zu puer maachen. Ech hu mäin eegene Rhythmus a sinn och manner gestresst. Mat Eenzelnen verstinn ech mech ganz gutt, mat anerer halen ech mech ewech.

FAL: Et kléngt jo alles ganz gutt an trotzdeem wëlls du d‘Aarbecht wiesselen. Firwat ?

Raymond: Den Haaptgrond firwat ech elo well d‘Aarbecht wiesselen ass d’Distanz an d’Aarbechtszäiten. Mir fänken mueres relativ spéit un an mueres huelen ech den Capabs wéinst der Assurance. De Bus ka mech Owes awer net ënnerwee eraus loosse fir den ëffentleche Transport ze huelen an dee géif mir Zäit spueren fir net onnéideg Zäit am Stau ze verbréngen.

Mam normalen ëffentleche Transport ass et ganz schwéier, well een iwwert Emweeër vun doheem bis op der Schaff muss fueren. Bei eenzelne Verbindungen do sinn ganz laang Waardezäiten dertëschent. Eenzel Linne si ganz gestrach oder fueren net méi esou oft. Also zäitlech fir do pünktlech unzekommen misst een dann entweder Moies um 5 Auer fortfueren oder et kënnt een ze spéit op d‘Aarbecht. Ech hunn de Führerschäin an sinn am Ufank och mam Auto dohi gefuer, mee wärend dem Wanter hunn ech Problemer mat de Luuchten an dat ass och e Problem.

Ech fille mech elo och vill besser an ech hunn nees vill Saachen wéi meng Hobbyen oder bauen un anere Saachen. Et feelt mir un Zäit fir déi Saachen, an déi sinn fir mech och wichteg.

FAL: Manner schaffen, wär dat eppes fir dech ?

Raymond: Ech sinn elo mëttlerweil um iwwerleeë wann ech elo näischt anescht fannen wou ech d’Zäit ka reduzéieren iwwert dem Aarbechtswee oder éischter ufänken fir dann awer op Hallefzäit ze reduzéieren. Ech muss iergend eng Oflenkung hu wou ech beschäftegt sinn. Dat ass wichteg fir mech...d’Aarbecht. Ech sinn awer all Dag um 5 Auer Moies op, och Weekends, an ech fänken dann géint 4 Auer Mëttes esou richteg midd ze sinn. Méi fréi ufänken dat wär ideal fir mech.

FAL: Deng Middegkeet ze geréieren ass och wichteg. Wars du scho méi oft krank ?

Raymond: Et geet ëmmer a ganz laange Phase bei mir. Ech mierken ëmmer datt ech Wochen hannertenee Power hunn an dann op eemol kënnt esou eng Phase wou et guer net gutt geet. Da kommen ech an eng Phase wou et net méiglech ass ze schaffen. Et ass awer just een Dag geschitt. Ech hat och schonn e normale Krankeschäin awer nach ni en Ausfall wéinst Iwwermiddegkeet. Ech mierken trotzdeem datt déi Zäit, wou ech méi schlecht sinn, ëmmer méi kuerz ass.

FAL: Ginn et Limitten fir eng autistesch Persoun an der Aarbechtswelt ?

Raymond: Als autistesch Persoun huet een einfach eng aner Virstellung vu verschiddene Saachen. Et gëtt ee ganz oft mëssverstanen a Saachen di kommen ganz anescht u wann een elo eppes gesot kritt. Ech fannen ganz passend wat de Wittgenstein sot : „Di Grenzen meiner Sprache bedeuten die Grenzen meiner Welt.“

Martine: “Déi betraffe Leit selwer wënsche sech oft datt si akzeptéiert ginn wéi si sinn, ouni datt se sech stänneg erkläre mussen. “

D’Martine Weber ass säit 2015 Responsabel fir d’Gestioun vun de Ressources humaines bei der Fondatioun.

FAL: Eng Persoun mam Autismus huet et schwéier fir sech an der Aarbechtswelt ze integréieren. Wéi eng Erausfuerderunge ginn et fir déi betraffe Persounen a wat fir eng fir de Patron ?

Martine: Schwieregkeete komme virun Allem op, wann d’Aarbechtstâchen an d’Ëmfeld net un d’Persoun an hir Besoinen ugepasst sinn. Et ass oft net d’Aarbecht u sech, mee villméi déi sozial Ufuerderungen, déi zu Problemer féiere kënnen. Wann ee Patron sech dësem Punkt net vun Ufank u bewosst ass an eréischt méi spéit heiru denkt, dann ass d’Situatioun wahrscheinlech oft schonn ze komplizéiert gi fir dat esou eng Initiativ nach hir Friichten droe kann.

Fir Leit mat Autismus ass et méi schwiereg fir sech un neurotypesch Leit unzepassen, wéi ëmgekéiert, an dofir ass et un eis fir dee Schrëtt an hir Richtung ze maachen. Wann ee Patron mer géif soen, dat hien net bereet ass fir dat ze maachen, dann ass et warscheinlech besser den Defi net unzehuelen well d’Erfarung fir kee positiv wäert sinn.

FAL: „Lifelong learning, flexibel sinn, Digitaliséierung, ... „ Wierder déi een oft an der Aarbechtswelt héiert! Ass et kompatibel mat de Leit déi am Spektrum sinn ?

Martine: Duerchaus ! Awer et muss een oppassen dee richtege Kader fir autistesch Leit ze kreéieren an der sech stänneg verännerender Aarbechtswelt. Méiglech Léisungen sinn: D’Equipe ze sensibiliséieren, eng gewësse Stabilitéit a Previsibilitéit an der Aarbecht, keng duebeldeiteg Uweisungen ginn oder och Ëmweltreizer reduzéieren.

Ech sinn der Meenung, dat ee souwisou net vu vir era soe soll, dat ee bestëmmte Beräich näischt fir autistesch Leit ass. Hir Kompetenzen an Intressie sinn einfach ganz individuell an dofir kënnt et och méi op d’Persoun u wéi op de generelle Beräich. Bei eis an der FAL z.B. schaffen d’Leit am administrative Beräich an erleedegen ganz verschidden Tâchen.

FAL: Gesäis du soss nach Limitten an der Aarbechtswelt fir eng Persoun mat Autismus?

Martine: Wa vun Autismus an der Aarbechtswelt Rieds ass, héiert een oft méi vun de Schwieregkeete vun den autistesche Leit wéi vun hire Stäerkten. D’Bewosstsinn, dat autistesch Leit duerch hir ongewéinlech Logik innovativ Léisungsusätz ausschaffe kënnen muss méi grouss ginn. Vill hunn och eng héich Intelligenz, an een Erënnerungsverméigen a verschiddene Beräicher dat iwwert der sougenannter Norm läit. Verschiddener sinn héich qualifizéiert, awer wéinst hirer anerer sozialer Interaktioun ecke si un, gi falsch verstanen, hiert Verhale gëtt falsch interpretéiert. Et sollt ee sech de Stäerkte bewosst sinn, z.B.: grouss Konzentratiounsfäegkeet wann dee fir si dofir richtege Kader ginn ass. Loyalitéit, Zouverlässegkeet, Éierlechkeet, Respekt vu Reegelen a Virgaben. An et ginn der nach zousätzlecher déi een awer all hei net kann opzielen.

FAL: Et soll een et also vun der positiver Säit gesinn. Hues du dann den Androck datt sech Saachen positiv entwéckelt hunn, a wou ee ka soen, dat do geet an déi richteg Richtung?

Martine: Den ëffentlechen Intressi um Autismus gëtt sécherlech méi grouss säit e puer Joer, an et gesäit een z.B. ëmmer méi Filmer, Serien a Bicher déi sech ëm dat Thema dréinen, an dat ass a mengen Aen eng positiv Entwécklung. Allerdéngs ginn doduerch natierlech just spezifesch Biller kommunizéiert an et feelt a mengen Aen weiderhinn un Informatiounen iwwer d’Kommunikatiouns- an d’Interaktiounspezifitéiten déi den Autismus an der Aarbechtswelt mat sech bréngt.

Déi betraffe Leit selwer wënsche sech oft datt si akzeptéiert ginn wéi si sinn, ouni datt se sech stänneg erkläre mussen. Et ass sëcherlëch wënschenswert, dass d’Leit mat Autismus keng Stigmatiséierung méi fäerte missten, an doduerch motivéiert kéinte ginn fir méi oppen iwwer hir Situatioun schwätzen, sou wéi si et fir richteg halen.

Datt d’FAL et erméiglecht autistesche Persounen bei sech ze schaffen ass eppes wat ech mir scho laang gewënscht hunn, a soumat war fir mech ëmmer kloer, dat ech déi Zesummenaarbecht nëmme schätze kéint. …an d’FAL mécht hiert Bescht fir dës Entwécklung weiderhin aktiv ze ënnerstëtzen…

APPEL UN D’FAMILLJEN :

All Persounen am autistesche Spektrum an hir Famillje kënne ganz ënnerschiddlech Probleemer hunn. Aus deem Grond läit et der FAL um Häerzen, d’Entwécklung souwéi den Ausbau vun hire bestoenden Déngschtleeschtungen un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen ze riichten. Sollt Dir also e bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen.

per Telefon : 26 91 11 1 oder email : autisme@fal.lu

WICHTEG INFO :

De Service Soutien vun der FAL ass fir all Persoun, déi zu Lëtzebuerg lieft oder cotiséiert, an déi eng Diagnose Autismus-Spektrum-Stéierung, souwéi fir hir Famill an hiren Entourage, zougänglech. D’Familljen, déi vun dësem Service profitéiere wëllen, kënnen sech entweeder per Telefon ënnert der Nummer 26 91 11 – 1 oder per mail un soutien@fal.lu mellen. Déi ganz Ekipp mécht hir Bescht, fir de Famillje bei allen Froen oder spezifesche Besoinen zu all Moment zur Verfügung ze stoen. D’Käschte vum Service Soutien gi vum Ministère de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région (MIFA) iwwerholl an ass soumat fir d’Famillje gratis.

  • Aarbecht a Beruffsliewen - News