autism

Léift a Sexualitéit bei Persoune mat Autismus

Autismus a romantesch Bezéiungen – dat passt dach guer net zesummen! Oder.. éieren dach?

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg (FAL) dëst Joer feiert, wëlle mir de breede Spektrum vum Autismus der Gesellschaft méi no bréngen. Heivir riichte mir dat ganzt Joer iwwer eis Opmierksamkeet all Mount op een anere bestëmmte Liewensberäich, a schwätze mat betraffe Persounen iwwert hir eegen Erfarungen. Zudeem ronne mir dat Ganzt mat fachlechen Aussoe vun Experte vun eiser Fondatioun of.

Nodeems mir am leschte Mount gekuckt hunn, op a wéi selbststänneg Persounen am autistesche Spektrum kënne sinn, blécke mir am Mount vu Vältesdag op romantesch Bezéiungen tëschent autisteschen an awer och net-autistesche Persounen. Zudeem erkläert eis de Jean-Michel, Ergotherapeut a Co-Responsabel vun eisem Service „Hébergement“, wéi eng Plaz d’Theema Sexualitéit an eise Wunnstrukture fir Mënsche mat engem héijen Ënnerstëtzungsbedarf huet.

Autistesch Persoune ginn oft als bezéiungsonfäeg an als op sech bezunnen Eenzelgänger ugesinn. Mä, wéi blécke si tatsächlech op Partnerschaften?

Mir hu mat verschiddene Mënschen aus dem Autismus-Spektrum iwwert hir Erfarungen am Beräich vun der Léift a romantesch Bezéiunge geschwat. Mat 2 Koppelen, déi säit laanger Zäit an enger fester Bezéiung sinn, a mat enger erwuessener Persoun, déi nach keng fest Bezéiung hat. Et war hinnen awer wichteg kloerzestellen, datt si just aus hirer eegener Erfarung schwätzen an dës Aussoen op kee Fall fir all betraffe Persoun gëllen.

Bob & Lisa: „Eng reng emotional Bindung wäert bei Autiste warscheinlech net laang halen, wann do net nach méi ass.“

D’Lisa an de Bob, 29 a 27 Joer al, sinn allebéid asperger-autistesch Persounen a liewe säit bal 2 Joer an enger fester Bezéiung. De Bob huet d’Lisa duerch deem säi Youtube-Kanal „Girl from Planet Aspie” kennegeléiert a wosst virdrun nach net, datt hie selwer am Autismus-Spektrum ass. Eréischt duerch d’Lisa koum hien op d’Iddi, sech diagnostizéieren ze loossen. Am Gespréich erziele si, wéi sech eng Bezéiung tëschent autistesche Persoune vun enger tëschent neurotypeschen, also net-autistesche Persounen, ënnerscheet.

FAL: Ass et fir d’Bezéiung vu Virdeel, wa béid Partner autistesch sinn?

Bob: De Fait datt een änlech Erfarungen huet an eventuell vergläichbar funktionéiert wat d’Psyche ugeet (beispillsweis wéi Emotioune wouergeholl ginn) ass et denken ech mat méi Versteesdemech fir déi jeeweileg aner Persoun verknëppt wéi wann eng neurotypesch Persoun mat enger neurodiverser Persoun (dorënner falen och autistesch Mënschen) an enger Bezéiung ass. Allerdéngs ginn et awer och Situatiounen, déi méi schwiereg ze geréiere sinn, wann wéi an eisem Fall, béid Partner neurodivers sinn. Dëst beispillsweis bei méi schlechten Deeg, wärend Overloads (Reiziwwerflutung) oder Meltdowns (en Ausbroch vu Roserei), déi den Autismus mat sech brénge kann.

FAL: A wéi enger Hisiicht ënnerscheet sech ärer Erfarung no eng Bezéiung tëschent autistesche Persoune vun enger Bezéiung tëschent net-autistesche Persounen?

Bob: Bezéiungen tëschent Autisten si vill méi gereegelt, och wann d’Reegelen net zwéngend ausgeschwat ginn – eleng schonn duerch déi repetitiv Verhalensmuster oder Routinnen. Als Beispill: fir anerer villäicht intuitiv Saache si fir eis net esou intuitiv a musse gereegelt sinn. Gëschter am Auto huet sech d’Lisa gefrot wéi vill Bëbeeën oder kleng Kanner un Iesse bräichten, ouni datt si ongesond ernäert ginn.

Lisa: Einfach fir eng spéider Familljeplanung geduecht. An dat ass éischter eng „autistesch“ Froestellung.

Bob: Zudeem ass eise Schlofrhythmus e ganz aneren. Mir sinn oft an der Nuecht méi aktiv a méi fit, wéi daagsiwwer, well et nuets méi roueg an donkel ass. Daagsiwwer wierken déi ganz Reizer wéi Kaméidi a Liicht op eis an.

Lisa: Jo, total. Mir genéissen d’Nuecht, well eis do keng Méimaschinn, keng Buermaschinn an och keng haart Mënsche stéieren. Zudeem sinn déi meescht Autiste sapiosexuell (sapiosexuell beschreift eng sexuell Orientéierung, déi virun allem op de Verstand vun enger anerer Persoun ausgeriicht ass). Dat heescht, wann een intelligent ass, mécht dat vill aus. Et gëtt ongär um klasseschen, neurotypeschen Emotiounsniveau geflirt, mee vill méi op Meenungsaustausch, Faktenchecks an engem sachlechen Niveau generell.

Bob: Genau. Wann eng Persoun mat Logik an Intelligenz punkte kann, da klappt dat och mat der Bezéiung. Eng reng emotional Bindung wäert bei Autiste warscheinlech net laang halen, wann do net nach méi ass. Dat trëfft zumindest op mech zou. Ech empfanne reng emotional Bindunge souguer als ustrengend.

FAL: Wat géift dir op dat Virurteel „Persounen am Autismus-Spektrum si bezéiungsonfäeg“ erwiederen?

Lisa: Nujee, dat kann ee genausou widderleeë wéi d’Virurteel, Autisten hätte keng Gefiller. Mir féieren eis Bezéiungen anescht, dat heescht awer net, datt mir onfäeg sinn. Genausou wéi mir ons Gefiller och einfach nëmmen anescht ausdrécke wéi neurotypesch Persounen.

Bob: Verschidde Verhalensweise vun autistesche Mënsche wierken – reng äusserlech betruecht – warscheinlech schnell als falsch oder als net richteg. Villäicht sollt ee sech méi genau domat befaassen, wéi ënner anerem mat Gespréicher wéi dësen, fir Bezéiunge mat neurodiverse Mënsche besser verstoen ze kënnen.

David: „Den Autismus ass ee wichtegen Deel vu mir, deen ech net viru mengem Partner verstoppe wéilt.“

Den David, deen och schonn am leschte Mount seng Erfarunge matgedeelt huet, hat mat sengen 29 Joer nach keng eescht Bezéiung, mä nëmmen e puer kleng Affären. Hien ass awer ganz oppen a wëll sech net festleeën, op en elo léiwer mat enger autistescher oder enger neurotypescher Persoun zesumme wier.

FAL: A wéi fern mengs du, datt et mat dengem Autismus zesummenhänkt, datt s du nach keng richteg Bezéiung has?

David: Ech menge schonn, datt et zu engem groussen Deel mam Autismus zesummenhänkt, well ech doduerch schonn ëmmer Probleemer am soziale Beräich hat an domat, mech an der Gesellschaft anzefügen. Dofir denken ech, datt et géif e bëssi komplizéiert ginn, eng Persoun gutt genuch kennenzeléieren an esou mat hir op enger Wellelängt ze sinn, dat et géif duergoen, fir eng richteg Koppel ze formen.

Ech mengen och datt et a mengem Fall de Probleem war, datt den Autismus réischt relativ spéit diagnostizéiert ginn ass, dat heescht datt ech mir mengem Probleem laang net bewosst war an et doduerch natierlech schwéier war, eppes dogéint ze maachen.

FAL: Wéilts du léiwer mat enger neurotypescher oder enger neurodiverser Persoun zesumme sinn?

David: Dat ass eng gutt Fro, bei der ech mech net wierklech festleeë wëll. Vue datt mäin Handicap relativ diskret ass, verstinn ech mech an der Reegel zimmlech gutt mat neurotypesche Leit an denken och, datt et an enger Bezéiung klappe kéint.

Genau sou gutt kann ech mir awer och virstellen, mat enger autistescher Persoun zesummen ze sinn, well do villäicht nach en aneren Niveau vu Verständnis bestoe géif. Allerdéngs kann ech mir och virstellen, datt do gewësse Probleemer, déi den Autismus mat sech bréngt, d’Bezéiung méi schwiereg maache kéinten. Zudeem géif et an dësem Fall och vill vum Niveau vum Autismus ofhänken, deen déi jeeweileg Persoun huet.

Vue datt awer souwisou all Persoun ënnerschiddlech ass an hire ganz eegene Charakter huet, misst déi Persoun einfach zou mir passen, egal op se elo autistesch wier oder net.

FAL: Géifs du dann dengem Partner direkt soen, datt s du am autistesche Spektrum bass?

David: Jo, dat ass sécher. Den Autismus ass ee wichtegen Deel vu menger Perséinlechkeet, vun deem wat ech sinn. A wann ech dee wichtegen Deel viru mengem Partner verstoppe misst, kéint sech d’Bezéiung vun Ufank un net seriö an net gesond entwéckelen.

FAL: Gëtt et nach eppes bäizefügen?

David: Mir ass et wichteg kloerzestellen, datt et net ëmmer nëmme soll un der neurotypescher Persoun sinn, sech un déi autistesch Persoun unzepassen. An egal wéi enger Form vu Bezéiung, dierf den Autismus net fir alles als eng Excuse benotzt ginn. Grad wann een eng fest Bezéiung zu enger anerer Persoun opbaue wëll, muss een och als autistesch Persoun dozou bereet sinn, ze akzeptéieren, datt de Géigeniwwer villäicht aner Denkweisen huet an d’Saachen aneschters empfënnt wéi ee selwer. Just mat deem néidege Respekt an der Toleranz vu béide Säiten aus kann esou eng Bezéiung funktionéieren.

Serge & Diane: „Et ass dat Zesummespill tëschent neurotypesch an neurodivers, wat eis Bezéiung ausmécht.“

De Serge an d’Diane, 54 an 52 Joer al, sinn elo säit engem Joer eng fest Koppel a wunnen och säitdeem zesummen. Woubäi de Serge eng asperger-autistesch Persoun ass, ass d’Diane eng neurotypesch Persoun, déi sech vill fir d’Psychologie interesséiert an ëm Serge Mutt gemaach huet, sech diagnostizéieren ze loossen.

FAL: Wéi eng Rotschléi hutt dir u Leit, déi an enger frëscher Bezéiung mat enger autistescher Persoun sinn?

Diane: Fir d’éischt ass et wichteg, mat vill Verständnis fir déi aner Persoun an d’Bezéiung eran ze goen. Zudeem ass et enorm wichteg, wann ee mat enger neurodiverser Persoun zesummen ass, oppen dofir ze sinn, nei Denkweisen an Handlungsweise kennenzeléieren. Et dierf een also net stuer bleiwen a soen: normalerweis géif een an dëser Situatioun awer sou oder sou reagéieren. Nee, et muss een oppe sinn a verstoen, datt och wann eng Persoun aneschters reagéiert, oder wann si d’Saachen aneschters reegelt, et dofir net falsch ass.

FAL: Hutt dir soss nach Tipps, fir eng gesond Bezéiung tëschent autisteschen an net-autistesche Persounen?

Diane: Den Autismus bréngt beim Serge eng Hypersensibilitéit mat sech, an d’Tatsaach, datt hie gewësse Situatiounen anescht gesäit oder wouerhëlt, kënne bei him wierklech en schlecht Gefill ausléisen. Aus deem Grond ginn ech ëmmer direkt op hien duer, wann ech mierken, datt hien e Probleem huet, an ech analyséieren dann zesumme mat him, wat den Ausléiser vum Probleem war a probéieren doropshin direkt eng Léisung ze fannen.

Serge: Genau. Mir hu ganz vill Briefingen an Diskussiounen doriwwer, wat mir wéi erlieft hunn a wou villäicht e Mëssverständnes opgetrueden ass. Dat géif ech och all anere Persounen uroden, déi mat enger neurodiverser Persoun zesumme sinn. De Fait, datt mir autistesch Persounen oft Saache ganz anescht wouerhuelen, ka schnell zu Mëssverständnesser féieren. Aus deem Grond ass eng gutt Kommunikatioun de wichtegste Grondstee fir eng gesond Bezéiung.

FAL: Wat kann ärer Meenung no eng autistesch Persoun als Plus-value an eng Bezéiung mat erabréngen?

Diane: De Serge huet mir extreem vill bäibruecht a mäi Weltbild wierklech erweidert. An der Analyse vun den alldeegleche Saachen, am Verständnis, am Depassement vun den eegene Grenzen, an der Ouverture vun Horizonter, et ass wierklech esou, datt sech duerch hie meng komplett Denkweis a sou enger kuerzer Zäit verännert huet. Eng autistesch Persoun kann enger neurotypescher Persoun also ganz vill bréngen, zemools an der perséinlecher Entwécklung.

Serge: Dozou muss ech awer och soen, datt et grad dat Zesummespill tëschent neurotypesch an neurodivers ass, wat eis Bezéiung ausmécht. Et stëmmt zwar wuel datt ech verschidde Stäerke vu mir mat an d’Bezéiung eran huelen, mee grad esou bréngt d’Diane och seng Stäerke mat eran. Andeems mir allebéid eis eege Qualitéite mat an d'Bezéiung erabréngen, entsteet e richtegen Austausch. Et ass e bëssi wéi eng Teamaarbecht, bei der Jiddereen dat mécht, wat hie gutt kann. Ech gesinn dat Zesummespill tëschent neurotypesch an neurodivers wierklech als eng Chance, sech zesumme weiderzëentwéckelen a géigesäiteg vuneneen ze léieren.

Mä och de Beräich vun der Sexualitéit gehéiert zum Liewen dozou, egal op neurotypesch oder net.

Wann ee sech mam Theema vun der Léift auserneesetzt, gehéiert et och dozou, e Bléck op d’Sexualitéit ze werfen. Wéi de Jean-Michel beschreift, ass dëst awer leider ëmmer nach e groussen Tabu am Beräich vum Handicap: „D’Sexualitéit ass e feste Bestanddeel vum Liewen a gehéiert zum Mënsch dozou. De Probleem ass awer, datt dee Beräich net nëmme beim Autismus, mee allgemeng am Beräich vum Handicap ëmmer nach e grousst Tabu-Theema ass. Dobäi ass et een natierlecht Bedierfnis vun all Persoun, egal op neurotypesch oder net. Aus deem Grond leeë mir an eise Wunnstrukture Wäert dorop, oppe mat deem Theema ëmzegoen an näischt ze verstoppen. Ech hoffen, datt dësen Tabu endlech gebrach gëtt. Dat wier wierklech wichteg fir all Persoun mat engem Handicap, sou datt si sech och déi néideg Hëllef an Ënnerstëtzung an deem Beräich ufroe kéint, déi si brauch.“

All Persoun kann hir Sexualitéit anescht ausliewen. Grad esou wéi et bei neurotypesche Persounen sou ënnerschiddlech Ausriichtungen a Virléifte ginn, ginn et dës och bei Persounen am autistesche Spektrum.

Wéi de Jean-Michel eis erkläert huet, ass et bei eise Bewunner, déi e méi niddrege Funktiounsniveau an en héijen Ënnerstëtzungsbedarf hunn, esou, datt si méi op sech konzentréiert sinn a kee Besoin hunn, eng intim Bezéiung zu enger anerer Persoun opzebauen. Och géif ee bei hinnen net oft bemierken, datt si grad e staarkt Bedierfnis u Sexualitéit hunn. Wann et awer de Fall ass, maache si alles, fir der Persoun sou gutt et geet ze hëllefen an net einfach fort ze kucken: „Hir Sexualitéit ass ganz individuell an op sech bezunn. Dat heescht datt et heiansdo, zum gréissten Deel bei eise männleche Bewunner, virkënnt, datt si sech selwer stimuléiere wëllen. Allerdéngs verstinn si déi sozial Reegelen net a passen dann net op, wou a wéini si dëst maache wëllen.

Ee Beispill: Mir haten ee Bewunner, dee sech vu Plastiks-Dëscheldicher ugereegt gefillt huet, a wollt dofir ëmmer an ee bestëmmte Restaurant goen, fir sech do kënnen un den Dëscheldicher ze stimuléieren. Mir hunn him do déi selwecht Dëscheldicher fir seng eege Schlofkummer kaf an hunn him Schrëtt fir Schrëtt erkläert, wou a wéini hien dat maachen dierf a wou net. Awer och an der Aart a Weis, wéi si am beschten zur Satisfaktioun komme kënnen, ënnerstëtze mir si mat Tipps an Uleedungen. Et ass scho virkomm, datt eng Persoun net wosst, wéi si sech am beschten uleeë sollt, an doduerch eng Frustratioun mat doropshin ausgeléiste Verhalensprobleemer entstane sinn. Et ass also e wichtege Léierprozess, wärend deem mir hinnen déi zwou Saache bäibréngen, sou datt an deem Beräich keng weider Probleemer entstoe kënnen.“, sou de Jean-Michel.

Appel un d’Familljen:

All Persounen am autistesche Spektrum an hir Famillje kënne ganz ënnerschiddlech Probleemer hunn. Aus deem Grond läit et der FAL um Häerzen, d’Entwécklung souwéi den Ausbau vun hire bestoenden Déngschtleeschtungen un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen ze riichten. Sollt Dir also e bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen.

Link:

Ënnert folgendem Link fannt dir eng extra Broschüre vun Info-Handicap zum Theema Gefills- a Sexualliewe vu Mënsche mat enger Behënnerung: https://drive.google.com/file/d/1z_TIRTkUX1maeHHjqIR-P3bRutzm9a2l/view

Sieft och dobäi wa mir am Mäerz eis Opmierksamkeet op déi verschidden Ënnerstëtzungsforme fir déi betraffe Persounen an hir Famillje riichten.

  • Léift a Sexualitéit bei Persoune mat Autismus