Kinofilmer a Serien : Wat seet eis de Charel dozou ?

Kinofilmer a Serien : Wat seet eis de Charel dozou ?

Blog
Kinofilmer a Serien : Wat seet eis de Charel dozou ?

Mir hu mam Charel Steffen, TSA-Mataarbechter vun der Fondation Autisme Luxembourg iwwer säi Konsum vu Filmer a Serien geschwat. 

Gudde Moien Charel, mir gesinn eis haut fir iwwer Filmer a Serien a ze schwätzen.


Wat kucks du? Bass du méi Serie oder Film?
Charel : Also, scho gëtt et keng Regularitéit. Zum Beispill kucken ech am Moment net sou vill well ech en neit Videospill kaaft hunn. Also, am Moment spillen ech léiwer wéi eng Serie oder e Film ze kucken. Allerdéngs, wann ech es genuch hunn, stellen ech mech éischter virun Netflix fir haaptsächlech Serien ze kucken. Vun Zäit zu Zäit kucken ech och Filmer op dëser Applikatioun awer e bësse manner. Ech kucken nëmmen op dem Fernsee, ni op mengem Smartphone.

Kucks du léiwer Netflix wéi dat wat um Fernsee ass?
C : Jo, ech si méi op Netflix. Mee, ech kucken och Fernsee a meeschtens den Tagesschau 24, op deem ech Dokumentären an heiansdo d'Noriichte vum Dag kucken.

Komme mer op dem Kino. Gees du reegelméisseg dohinn?
C : Leider ginn ech net esou oft. Ech géif gäre méi reegelméisseg goen.

Oh, a firwat?
C : Et ass zimmlech komplizéiert. Ech wunnen zu Scheedgen, am Kanton Iechternach. Fir mam Bus an de Kino ze fueren, ass et ganz schwéier. Et dauert ongeféier 1h30 an ech muss de Bus wiesselen. Also, et erfuerdert och eng gutt Organisatioun fir mat Zäiten  fir de Start vum Film unzekommen. Ech gi léiwer manner dohinner a fueren dann mam Auto mat där Persoun déi mech begleet. Da muss ech un näischt denken.

Kucks du normalerweis deng Serien oder Filmer eleng oder begleet?
C : Also ... 99% vun der Zäit kucken ech meng Serien eleng. Wat de Kino ugeet, sinn ech ganz oft vu mengem Papp begleet an heiansdo vu menger Schwëster déi 6 Joer méi jonk ass. Mäi Papp féiert eis dann och a wielt de Film aus.

Wéi e Genre vu Filmer kucks du?
C
 : Ech kucken e bësse vun allem, ech hu kee Liiblingsgenre. Ech hunn ee viru kuerzem op Däitsch gekuckt : "Trolljäger: Das Erwachen der Titanen".

Kucks du jeemools Serien oder Filmer e puer Mol? Wann jo, berouegt dech dat dass du weess wat op der zweeter Vue wäert geschéien?
C : Et geschitt mir heiansdo Filmer a souguer Serien eng 2. oder eng 3. Kéier ze kucken. Mee just well se mech gefalen an ech se absolut nach eng Kéier wollt gesinn.

Also de selwechte Film e puer Mol ze kucken, destresst dech net onbedéngt?
C : Nee, et ass mir egal. Ech fannen et esouguer gutt a cool net ze wëssen wat an der nächster Sequenz geschitt.         
Ech si net den Typ, dee sech  virun engem Film ze vill Froe stellt, wat Inkonsistenzen oder aner Detailer vum Film betreffen.

Denks du dass d’Filmer oder Serien eng Hëllef fir TSA Leit kéinte sinn/sinn, fir hir alldeeglech Schwieregkeete besser ze geréieren (entstressen,...)?
C : Ech weess et net wierklech, awer ech mengen, datt ee  sech ëmmer gutt fillt virun engem Film oder enger Serie. Mä virun allem mengen ech, datt eisen Zoustand mat de Problemer déi mir begéinen verbonnen ass, an datt mir och mussen oppassen, datt een an dëse Momenter keng Serie kuckt, déi zum Beispill ze vill Spannung huet.  Allerdéngs ass dat mir ni geschitt. Ech gi net einfach gestresst oder ängschtlech virun engem Film. 

Merci Charel, dass du dech Zäit geholl hues fir dësen Interview!

Unterstützen Sie uns!