„Ech fille mech ausgeglach, all ënnerlech Uspanunge si fort.“

„Ech fille mech ausgeglach, all ënnerlech Uspanunge si fort.“

Blog
„Ech fille mech ausgeglach, all ënnerlech Uspanunge si fort.“

Sportlech Aktivitéite sinn a villerlee Hisiicht wäertvoll. Si steigeren dat kierperlecht Wuelbefannen, si vu groussem Notze fir d‘Sensomotorik a fërderen déi sozial Fäegkeeten. Heivir bitt d‘Fondation Autisme Luxembourg (FAL) eemol pro Woch de Service AutiSport, e Service mat ugepasste Sportsaktivitéite fir Persoune mat Autismus, un. AutiSport riicht sech un all Persounen aus dem Autismus-Spektrum, onofhängeg vum Alter a vun de Kompetenzen.

D’Rachel, den Numm gouf geännert, ass eng erwuesse Fra, déi virun ongeféier 2 Joer hir Diagnos Autismus-Spektrum-Stéierung krut. Schonn no kuerzer Zäit huet si sech dofir entscheet, bei AutiSport matzemaachen.

FAL: Wisou hutt Dir Iech dozou entscheet, un AutiSport deelzehuelen?

Rachel: Opgrond vu menger frëscher Diagnos hunn ech mech zu deem Zäitpunkt natierlech bëssi méi mam Theema Autismus auserneegesat. De Probleem war, an dee besteet och haut nach, datt ech mech net richteg mat dëser Diagnos identifizéiert kréien. Wou ech dunn vun der FAL ugeschriwwe gi sinn, ob ech Loscht dozou hätt, bei AutiSport matzemaachen, hunn ech doranner eng Chance gesinn, mam Austausch mat anere Betraffenen dat Ganzt besser verschafft ze kréien. Ech hu mir geduecht, datt et mir villäicht kéint eng Hëllef sinn, wann ech eventuell Gemeinsamkeeten a villäicht och Ënnerscheeder tëschent mir an deenen anere Participanten erkenne géif.

FAL: An, war dëst schlussendlech dunn och de Fall?

Rachel: Definitiv! Wou ech déi éischte Kéier bei AutiSport ukomm sinn, hunn ech mech direkt dozougehéierend gefillt. Ech hu mech bei deenen anere Participanten sou „normal“ gefillt, e Gefill, wat ech soss net esou kennen. Ech muss mech bei hinnen net verstellen, dat heescht ech ka meng „Mask“, déi ech soss a soziale Situatiounen unhunn, ofleeën. Ech denken dat läit awer och virun allem dorun, datt ech einfach weess, datt all déi aner Participanten och eng Diagnos hunn, an ech mech doduercher direkt vill méi fräi fillen.

Et deet einfach gutt, déi Erfarung ze maachen, datt wann een an engem anere Kontext ass, een sech dann iergendwéi net méi sou „anormal“ fillt!

FAL: Wéi ass dann de Cours bei AutiSport opgebaut?

Rachel: Et ass esou, datt mir ëmmer all zesummen entscheeden, wéi ee Sport déi jeeweileg Stonn gemaach gëtt. An hei geet et da wierklech vu bis: mir hu scho Kraafttraining gemaach, mir spille Fussball, Basket, a wann d’Wierder gutt ass gi mir och mol bis an de Bësch lafen.

Wat ech immens gutt fannen, ass datt mir och eis eege Kenntnisser an Erfarungen, déi mir an enger Sportaart hunn, mat an de Grupp abrénge kënnen. Ech maache beispillsweis doheem Yoga, a wou d‘Begleeder dat gewuer gi sinn hu si mech gefrot ob ech dat net gär bei AutiSport integréiere géif.

FAL: Wouran ënnerscheet sech AutiSport zu engem normale Sportsclub?

Rachel: Allgemeng, ass alles net sou „streng“ wéi an engem anere Club. Et ass net schlëmm, wann ee beispillsweis mol ze spéit kënnt oder mol eppes vergiess huet. Natierlech soll een dat lo net ausnotzen, mee et ass einfach Versteesdemech fir Situatiounen do, déi op anere Plazen net géifen akzeptéiert ginn. An dat ass wierklech schonn deen éischte groussen Ënnerscheed. Et bréngt net wéi op anere Plazen, en zousätzleche Stress mat sech, fir un AutiSport deelzehuelen.

Wat och anescht ass, ass datt hei keen Drock vun der Leeschtung besteet. Hei mécht een de Sport just fir sech selwer, an ech hunn guer net dat „Gefill vum Ielebou“, wat ech op anere Plaze vill hunn.

FAL: Wéi fillt Dir Iech no enger Seance AutiSport?

Rachel: Ech fille mech ausgeglach, all ënnerlech Uspanunge si fort. Ech hunn e gudden Appetit a si motivéiert fir déi nächste Kéier. An ech fille mech zu engem Grupp dozou gehéierend.

FAL: Wat ass Iech soss nach wichteg, matzedeelen?

Rachel: An éischter Linn wëll ech gär meng Dankbarkeet un all Benevollen, déi sech bei AutiSport engagéieren, ausdrécken. Et ass wierklech schéin ze gesinn, datt et Leit ginn, déi sech fir eis interesséieren. Och soen ech der Ekipp vun der FAL Merci, datt si eis dëse Kader geschaaft hunn.

Ech freeë mech iwwert déi Frëndschaften, déi duerch den AutiSport entstane sinn. Net nëmmen datt mir am Grupp och mol aner Saache mateneen ënnerhuelen, wéi beispillsweis nom Sport zesummen iessen ze goen, sou kënne mir eis och iwwert gemeinsam Probleemer mateneen austauschen.   

Och den Aaron, e jonke Bouf vun 12 Joer, hëlt säit ongeféier 2 Joer un AutiSport deel. Mir hunn eis mat senger Mamm, dem Viktoria, getraff.

„Virun AutiSport war ech eng laang Zäit op der Sich no enger Sportméiglechkeet fir den Aaron. Net nëmmen, well de Sport wichteg fir seng physesch Gesondheet ass, sou ass et och eng Méiglechkeet, fir datt hien ausserhalb vun der Famill an der Schoul nei Leit kenneléiert. Den Aaron ass immens schei, an him ass et schonn ëmmer schwéier gefall, sech an engem Grupp ze integréieren. Zudeem fannen ech et wichteg, datt hien trotz senge soziale Schwieregkeeten och un ausserschouleschen Aktivitéiten deelhuele kann – an dëst huet him AutiSport elo erméiglecht.“, sou d’Viktoria.

Wéi si eis erzielt huet, huet d‘Viktoria gehofft, datt AutiSport hirem Jong ee Kader bitt, wou hien a sengem Rhythmus seng Sozialkompetenze fërdere kann a Schrëtt fir Schrëtt léiert, op aner Leit duerzegoen: „Also wann ech bedenken, wéi hien sech vun der éischte Kéier bei AutiSport bis lo zu deene leschte Kéieren entwéckelt huet, sinn ech mir sécher, datt dëst dee Kader ass, deen hie gebraucht huet! Mëttlerweil geet hien ouni Probleemer dohinner, hëlt un den Aktivitéite vum Grupp deel, an huet och kee Probleem méi domat, mol eleng bei anere Leit ze si wann ech beispillsweis eemol net dobäi ka sinn. Also seng Sozialkompetenzen hu sech mat all Kéiers verbessert, an och wann hien ëmmer nach extreem schei ass, geet dat scho vill besser fir beispillsweis anere Leit seng Besoine matzedeelen.“, freet sech d’Viktoria.

Bei AutiSport sinn d’Participanten an Altersgruppen ënnerdeelt, sou datt déi jeeweileg Sportsaktivitéiten un den Alter an un den Interessi vun de Participanten besser ugepasst kënne ginn. Den Aaron ass lo säit e puer Méint am Grupp fir méi eeler Kanner ab 12 Joer, a wéi d’Viktoria festgestallt huet, ass hien säitdeem vill méi motivéiert, un den Aktivitéiten deel ze huelen.

Zudeem mécht d’Viktoria, dorop opmierksam, datt et wichteg ass, vu wéi enge Persounen d’Participante bei AutiSport begleet ginn: „Wat ech festgestallt hunn, ass datt et vill ausmécht, ob eng Fra mat enger doucer Stëmm oder e Mann mat méi enger haarder Stëmm an och enger méi aussokräfteger Kierperhaltung ëm Aaron d’Uweisunge gëtt. Virun engem Mann mat enger méi kräfteger Ausdrocksweis huet hien automatesch vill méi Respekt an huet soumat och méi Motivatioun, aktiv um Sport deelzehuelen. Dat heescht et hänkt ëmmer ganz vill dovun of, wien grad do schafft.“, ass sech d’Viktoria sécher.

Vu gemeinsame Familljen-Ausflich an d’Schwemm, engem Vëlostour mat sengem Papp bis hin zu engem Golf-Turnéier mat sengem méi jonke Brudder, d‘Famill ass ëmmer op der Sich no weideren Iddien, déi dem Aaron gefale kéinten: „Vue datt et soss keng aner Sportsclibb fir Kanner mat Autismus hei zu Lëtzebuerg ginn, kucke mir ëmmer wat zesummen als Famill méiglech ass, fir ëm Aaron awer och bëssi Ofwiesslung a sengem Alldag bidden ze kënnen. Och wa mir der FAL wierklech dankbar sinn, datt si den AutiSport virun 2 Joer an d’Liewe geruff huet, ass an dësem Beräich nach vill ze maachen. Mir hoffen, datt sech dat an deenen nächste Joren ännere wäert a Kanner mat Autismus méi Méiglechkeeten offréiert kréien!“

Gutt ze wëssen: Fir de Grupp vu Persoune mam Asperger-Syndrom ginn et nach fräi Plazen. Wann Dir also Loscht hutt, bei AutiSport matzemaachen, dann zéckt net Iech onofhängeg vun Äre sportleche Kompetenzen, per Mail un loisirs@fal.lu ze mellen !