Konscht a Kultur am Zesummenhang mam Autismus

Konscht a Kultur am Zesummenhang mam Autismus

Blog
Konscht a Kultur am Zesummenhang mam Autismus

Serge, eng erwuesse Persoun aus dem autistesche Spektrum: „Ech wosst schonn ëmmer, datt ech „anescht“ sinn, a genau dat wëll ech a menger Konscht och ausdrécken.“

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg (FAL) dëst Joer feiert, wëlle mir de breede Spektrum vum Autismus der Gesellschaft méi no bréngen. Heivir riichte mir dat ganzt Joer iwwer eis Opmierksamkeet all Mount op een anere bestëmmte Liewensberäich, a schwätze mat betraffe Persounen iwwert hir eegen Erfarungen. Zudeem ronne mir dat Ganzt mat fachlechen Aussoe vun Experte vun eiser Fondatioun of.

An dësem Mount riichte mir eis Opmierksamkeet op d‘Beräicher Konscht a Kultur am Zesummenhang mam Autismus. Souwuel d’Konscht wéi och d’Kultur maachen ee festen Deel vun enger Gesellschaft aus. Eis huet et interesséiert, a wéi enger Relatioun dës Beräicher mam Autismus-Spektrum stinn. A wéi enger Hisiicht kann d’Konscht eng Hëllef sinn, besser mat senge Schwieregkeeten am Alldag eens ze ginn? A gëtt et ee Lien tëschent dem Autismus an de kënschtleresche Fäegkeete vun enger Persoun?

Mir hu mat 3 erwuessene Persounen aus dem Autismus-Spektrum iwwert hire Bezuch zur Konscht a Kultur geschwat. Sie allen 3 hu mol méi mol manner dës Beräicher an hiren Alldag integréiert.

Ma grad esou huet et eis interesséiert, wéi eng kulturell Ausflich och fir méi schwéier handicapéiert autistesch Persounen zougänglech sinn. Heivir hu mir eis mam Responsabel ad Interim vum Foyer 1 zu Munzen, den Nicolas, getraff. Hien huet eis erzielt, wéi eng kulturell Sortien eis Educateure mat de Residente vun eisen 2 Wunnstrukture maache kënnen.

George: „Wann ech Musek maachen, fillen ech mech wéi an enger Kuppel.“

De George huet schonn als Kand seng Passioun fir d’Musek entdeckt a schafft momentan intensiv u senger Gesangskarriär. An Zesummenaarbecht mat anere betraffe Persounen huet hien elo fir d’FAL un engem Projet geschafft, den am November eraus kënnt. D’Zil vum Projet ass et, déi breet Ëffentlechkeet fir den Autismus ze sensibiliséieren.

FAL: Wat ass Är Relatioun zur Musek?

George: D’Musek begleet mech scho mäi ganzt Liewen. Ugefaange selwer Musek ze maachen hunn ech ongeféier am Alter vun 10 Joer mat der Trommel. E puer Joer méi spéit hunn dunn de Solfège, Piano, Kanner- a Jugendchouer, vill Jore mäin Alldag gepräägt. Et gouf mir schnell gesot, datt ech eng schéi Stëmm hätt – sou datt ech mech mëttlerweil ganz dem Gesang gewidmet hunn a franséisch Chansons maachen. Och wann et nach en Hobby ass, schaffen ech intensiv dorun, mech mat menger Musek finanziell onofhängeg ze maachen.

FAL: Mécht et fir Iech een Ënnerscheed, ob Dir mat anere Leit zesumme Musek maacht oder beispillsweis „Smalltalk“ féiere musst?

George: Wann ech mat anere Leit zesumme Musek maachen ass dat ëmmer op engem professionellen Niveau: sief et als Sänger oder och wann ech mol mat anere Museker zesummen ee Projet realiséieren. Et leeft no engem virdrun definéierte Muster of an et kann een d’Situatioun gréisstendeels am Viraus plangen. An der Situatioun ass een also zesummen op ee bestëmmte Projet fixéiert. Anescht awer bei Smalltalk – et fält mir schwéier ee Sënn dran ze fannen, iwwert eppes ze schwätze wat oft net an iergendenger Form wichteg ass oder näischt zu der weesentlecher Saach bäidréit.

FAL: A wéi enger Hisiicht ass d’Musek Iech eng Hëllef am Alldag?

George: Wann ech fir mech eleng Musek maachen oder lauschtere sinn ech ganz a menger Welt, ech fille mech wéi an enger Kuppel, déi mech berouegt a mech virun enger Reiziwwerfluttung schützt. A wa mir eng Situatioun emotional ze vill gëtt, benotzen ech d’Musek fir mech vun der Situatioun ofzeschiermen. Op Fester kënnt et beispillsweis ëfters mol vir, datt mir de Kaméidi an déi vill Leit ronderëm op ee Punkt ze vill ginn an ech mech dann iergendwou op eng aner Plaz sëtze ginn a mir a menge Kopfhörer meng Musek umaachen. Sou kommen ech eng Zäitchen zur Rou a kréie rëm nei Energie, fir de Rescht vum Fest duerchzestoen.

FAL: Säit wéini wësst Dir, datt Dir autistesch sidd an a wéi enger Hisiicht hat dëst Wëssen en Afloss op Är Musek?

George: Meng Diagnos krut ech viru gutt 2 Joer, am Alter vun 29 Joer. Mäin Ëmgang mat der Musek huet sech doduerch net verännert, mee meng Aarbecht als Museker awer. Virun Optrëtter oder Interviewen informéieren ech, wann néideg, iwwert mäin Autismus an zesumme mat den Organisateuren oder de Journaliste probéiere mir dann op meng spezifesch Bedierfnesser Récksiicht ze huelen.

Als konkreet Beispill: Viru Kuerzem sollt ech e Live-Interview an engem Radio ginn. Nodeems ech a menger éischter Reaktioun zougesot hat, hunn ech dunn awer rëm ofgesot, well déi Situatioun ze vill Stress a mir ausgeléist hätt, ënner Anerem well et eng mir ganz onbekannte Situatioun war. Zu deem Zäitpunkt hunn ech d’Lag sou wéi déi Leit déi do geschafft hunn virdrun nach net kannt an hunn och dat Material, wéi beispillsweis de Mikro, nach net konnten testen. Wou ech hinnen awer dunn bis erkläert hunn, datt ech Autismus hunn an hinne wéinst deene Stressfaktoren ofgesot hunn, hu si direkt Versteesdemech gewisen a mir proposéiert, datt ech si fir d’éischt eemol a Rou kenneléiere kéint a mir den Interview da réischt eemol bei engem zweeten Treffe maachen.

Serge: „Et muss een net ëmmer sou maache wéi d’Norm.“

De Serge huet direkt e puer kënschtleresch Hobbyen: nieft senger Passioun fir d’Musek souwéi fir d’Fotografie, kreéiert hien och Konschtwierker aus Keramik. Him ass et wichteg, seng Gedanken a Gefiller kënne mat Hëllef vu senge Wierker auszedrécken.

FAL: Wéi eng Relatioun hutt Dir zur Konscht?

Serge: Als Jugendlechen hunn ech domadder ugefaangen, Musek ze maachen, déi ech och haut nach vill maachen. Ech komponéiere mat virtuellen Instrumenter Lidder um Computer, déi ech dann op verschiddene Säiten eroplueden. Hei sangen ech heiansdo och, wou ech awer da meng Stëmm verzerren, fir datt ee mech net direkt erkennt.

Et ass laang just bei der Musek bliwwen, bis ech ongeféier am Alter vun 49 Joer e Burnout krut, an dowéinst schlussendlech invalid geschriwwe gouf. Wou ech ab dunn ëmmer de ganzen Dag doheem war, hunn ech mir Gedanken iwwert nei Hobbye gemaach. Ech hat schonn ëmmer eng kleng Passioun fir d’Fotografie, sou datt ech mech an e Fotoscours ageschriwwen hunn. Do hunn ech dann nach weider interessant Coursen entdeckt, fir déi ech mech och direkt gemellt hunn: ee Cours fir Acrylmolen, an nach ee Keramikcours.

Haut bestëmmt d’Konscht mäin Alldag, ech mengen et gëtt keen Dag, wou ech mech net kënschtleresch betätegen. Ech hat einfach schonn ëmmer vill Freed dorun, nei Saachen ze kreéieren, an d’Konscht ass definitiv och eppes wat mech berouegt a mir bei verschiddene Schwieregkeeten am Alldag eng Hëllef ass.

FAL: Wéi géift Dir Är Konscht beschreiwen?

Serge: Et ass esou, datt ech mech net an enger Saach perfektionéiere wëll, mee datt ech mech mat menger Konscht ausdrécke wëll. Ech sinn ee Mënsch, deen iwwert ganz vill Saachen nodenkt, mee seng Gedanken einfach net a Wierder faasse kann. Heivir ass d’Konscht ideal, well wéi ee sou schéi seet: e Bild seet méi wéi dausend Wierder.

Als zwee Beispiller: Et gouf eng Zäit wou ech mech a menger fréierer Bezéiung „gefaange“ gefillt hunn an ech keen Auswee aus der Situatioun fonnt hunn. Dunn hunn ech aus Keramik eng Schlaang geformt déi eng Hand ëmschléngt. D’Hand ka sech also net aus deem feste Grëff vun der Schlaang befreien, egal wat se probéiert. En anert Wierk vu mir, och aus Keramik, stellt ee B mat engem duerchgestrachene Gläichheetszeechen (≠) duer. Dëst soll „Be different“ bedeiten. Ech wosst schonn ëmmer datt ech „anescht“ sinn, a genau dat wëll ech a menger Konscht ausdrécken. Et muss een net ëmmer esou denken oder sou maache wéi d‘Norm. Wärend aner Leit also Dekoratioune fir Chrëschtdag oder Änleches maachen, kreéieren ech esou Saachen.

FAL: Dir hutt gesot, datt d’Konscht Iech bei verschiddene Schwieregkeeten am Alldag eng Hëllef ass.

Serge: Genau. Ech war schonn ëmmer eng Persoun, déi hir Probleemer ni wierklech engem matdeele konnt, an dat ass eppes wat ee mat der Zäit net méi aushält, wann een all seng Suergen ëmmer just fir sech behält. D‘Konscht huet mir erméiglecht, meng Gedanken, déi ech net a Wierder faasse kann, trotzdeem an enger gewësser Form auszedrécken. Ech fille mech esou befreit, wann ech beispillsweis mäi Frust an engem Songtext erausloosse konnt, an ech meng Gedanke soumat einfach bëssi op Ofstand brénge konnt.

FAL: Gëtt et dann och ee kulturellt Event, un deem Dir hei am Land gären deelhuelt?

Serge: Ech maache ganz gär Portraite vu Leit, mee vue datt ech sou schei sinn, ass mir dat oft net méiglech. Ech traue mech net einfach sou op Leit duerzegoen an ze froen, ob ech eng Foto vun hinne maachen däerf. Dofir ginn ech ëmmer ganz gär op d’Steampunk-Conventions hei zu Lëtzebuerg. Hei ass et eng ganz aner Situatioun, déi Leit si jo do well si wëlle fotograféiert ginn, dat ass dann einfach ëmmer eng flott Erfarung, ganz ofgesi vun deene schéine Kostümer, déi d’Fotoen nach méi besonnesch maachen.

David: „Eleng op ee kulturellen Ausfluch ze goen, ass einfach net esou flott.“

Den David, deen zu all Theeme vun eisen „12 Méint – 12 Geschichten“ seng Erfarunge matdeelt, ass sech sécher, datt d’Konscht net nëmme fir vill autistesch Persounen eng grouss Hëllef ka sinn, mä och datt den Autismus en Impakt dorop huet, wéi déi betraffe Persoune Konschtwierker wouerhuelen.

FAL: Wéi ass deng Relatioun zur Konscht a Kultur?

David: Ech hu bei béide Beräicher dee selwechte Probleem. Et ass zwar wuel ee grousst Interessi fir d’Konscht an och fir d’Kultur do, ech interesséiere mech beispillsweis ganz vill fir d’Konschtgeschicht a géif och gären eemol Kuerzgeschichten oder sou schreiwen, mee ech sinn eng Persoun déi gréisstendeels eleng ass, an eleng fält et engem einfach vill méi schwéier sech wierklech fir eppes ze motivéieren. Beim Schreiwen ass et zum Beispill sou datt ech mir dat vill méi interessant virstellen, wann ee kéint zesummen an engem Grupp op ee Projet hischaffen, sech géigesäiteg nei Iddie kéint ginn a sech eben och géigesäiteg motivéiere kéint. An och wat kulturell Ausflich ugeet, et géif mech ganz wuel interesséiere mol ëfters an de Kino, an e Musée oder och an en Theater ze goen, mee eleng ass dat einfach net esou flott. Et ass vill méi interessant, sou eppes besichen ze goe wann een zesumme mat engem geet deen sech och dofir interesséiert, fir dat dann zesummen ze erliewen an duerno och nach kënnen zesummen driwwer ze diskutéieren.

Trotzdeem ass et mir ganz wichteg, d’Kultur a mäin Alldag ze integréieren. Ech liese ganz vill Bicher a kucken och vill Dokumentatiounen, fir mech iwwert déi Saache weiderzebilden, déi mech interesséieren.

FAL: Denks du, datt d’Konscht fir autistesch Persoune kéint eng Hëllef sinn, besser mat hire Schwieregkeeten am Alldag eens ze ginn?

David: Ganz sécher. Sech kënschtleresch ze betätege kann a villerlee Hisiicht eng grouss Hëllef sinn: op der enger Säit ass et eng ganz gutt Method fir sech selwer ze berouegen an no engem stressegen Alldag ofzeschalten. Op der anerer Säit reegt et net nëmmen d’Kreativitéit un, mee et bréngt och eng gewëssen Disziplin a Prezisioun an d’Liewen, wann ee sech beispillsweis fir Musekscoursen aschreift, fir déi eng gewëssen Disziplin Viraussetzung ass. Zu gudder Lescht ass d’Konscht eng super Alternativ dozou, seng Gefiller a Gedanken enger anerer Persoun matzedeelen, wann een dës beispillsweis net iwwert den direkte Wee an engem Gespréich kommunizéiere kann. Vue datt vill autistesch Persoune Schwieregkeeten an der verbaler Kommunikatioun hunn, kann hinnen d’Konscht also eng gutt Méiglechkeet bidden, sech auszedrécken.

FAL: Denks du, datt et e Lien tëschent dem Autismus an de kënschtleresche Fäegkeete vun enger Persoun gëtt?

David: Wat déi kënschtleresch Fäegkeeten ubelaangt net onbedéngt, mee d’Verständnis vun der Konscht ka bestëmmt mam Autismus zesummenhänken. Et gëtt jo oft vun der „autistescher Perceptioun“ geschwat, also datt autistesch Persounen d’Welt iergendwéi aneschters wouerhuelen, an dofir kann ech mir scho gutt virstellen, datt et och Persounen aus dem Spektrum ginn, déi een anere Bléck fir d’Konscht hunn. An et ass och wuel e Fait, datt et vill begaabten autistesch Kënschtler ginn, déi ganz interessant an aussergewéinlech Saache maachen.

Nicolas: „Wa sech Jidderee wuelfillt, kann de Grupp eng schéin Zäit verbréngen.“

Den Nicolas schafft scho säit 13 Joer an eiser Fondatioun an ass de Responsabel ad Interim vun eisem Foyer 1 zu Munzen. Bannent der laanger Zäit huet hie mat de Residenten aus eise Wunnstrukture scho ganz vill kulturell Ausflich gemaach.

Wéi den Nicolas eis erzielt huet, leeën d’Educateure Wäert drop, d’Kultur an hir Ausflich mat de Bewunner mat anzebezéien: „Normalerweis gi mir eemol pro Mount an de Kino. Hei hu mir dann ëmmer ee ganze Sall just fir eis reservéiert. Sou kënne mir sécherstellen, datt keng Konflikter mat anere Visiteuren opkommen, well eis Leit och mol wärend dem Film méi Kaméidi maachen. Duerch déi aktuell sanitär Kris war et eis lo eng Zäit laang leider net méiglech, an de Kino ze goen. Dunn hu mir eis awer net ënnerkréie gelooss an hu mat Hëllef vun engem Projecteur Filmowenter an der Wunnstruktur organiséiert.“

Dës Weideren huet eis den Nicolas erzielt, datt Autisme Luxembourg a.s.b.l a reegelméissegen Ofstänn de sougenannten „Discotisme“, en Disco-Owend fir Leit mat engem Handicap, organiséiert, un deenen eis Bewunner och ëmmer gär deelhuelen: „Leider ass och dat lo opgrond vun der Pandemie net méi sou méiglech gewiescht, mee dat gehéiert wierklech zu eise flottste Sortien. Meeschtens si mir ab 14h00 dohinner gaangen an hunn e schéinen Nomëtten/Owend an der Disco verbruecht. Et gouf déi typesch Disco-Luuchten, Musek, eppes ze drénken an natierlech gouf och gedanzt. Et wiesselt ëmmer of, a wéi enger Disko dat statt fënnt.“

Och wann an der Theorie all Aart vun Ausfluch méiglech ass, mussen eis Educateuren op ganz vill Saachen oppassen, wa si sou eng Sortie organiséiere wëllen: „Fir d’éischt eemol ass et wichteg, souwuel op déi individuell Bedierfnesser wéi och op d’Interête vun eise Leit Récksiicht ze huelen. Heivir probéiere mir schonn am Viraus sou vill wéi méiglech Informatiounen ze kréien: d’Unzuel vun de Leit op der Plaz, wéi vill Kaméidi wäert do sinn, souwéi och den Oflaf an d’Dauer vum Event. Et ass kloer, datt wa beispillsweis eng Persoun ganz sensibel op Geräischer reagéiert, mir si net mat op een haarde Concert huelen. Doropshi maache mir dann e Grupp mat deene Leit wou et méiglech ass dohinner ze goen, sou datt Jiddereen dee mat geet sech wuelfillt an de Grupp zesummen eng flott Zäit verbrénge kann.“

Allerdéngs kann et trotz datt een am Viraus alles gutt geplangt huet, wärend der Sortie natierlech awer ëmmer nach zu der eng oder anerer Komplikatioun kommen. Laut dem Nicolas kann et an dësem Kontext also och scho mol heiansdo zu Probleemer kommen, wann eng Persoun opgrond vun enger Reiziwwerfluttung eng Kris kritt, well da beispillsweis awer méi Kaméidi op der Plaz ass, wéi si domat gerechent haten. An dësem Fall gëtt da spontan reagéiert, den Event verlooss a beispillsweis e rouege Spadséiergang amplaz gemaach.

Fir ofzeschléisse stellt den Nicolas fest, datt dës Ausflich och zur perséinlecher Entwécklung bäidroen: „Net nëmmen datt si wierklech ëmmer vill Spaass bei sou Sortien hunn, sou ass et natierlech och ganz gutt fir hir Sozialkompetenzen ze trainéieren. Dës Ausflich bidden automatesch d‘Méiglechkeet, sech bëssi méi an d‘Gesellschaft ze integréieren an och mol mat anere Leit a Kontakt ze kommen.“

Appel un d’Familljen: All Persounen am autistesche Spektrum an hir Famillje kënne ganz ënnerschiddlech Probleemer hunn. Aus deem Grond läit et der FAL um Häerzen, d’Entwécklung souwéi den Ausbau vun hire bestoenden Déngschtleeschtungen un déi individuell Bedierfnesser vun de betraffene Familljen ze riichten. Sollt Dir also e bestëmmte Besoin hunn, zéckt net, Iech bei eis ze mellen.

Per Telefon: 26 91 11 1 oder per Email: autisme@fal.lu