“Et geet net drëms, datt ee soll eppes geschenkt kréien…“

“Et geet net drëms, datt ee soll eppes geschenkt kréien…“

Blog
“Et geet net drëms, datt ee soll eppes geschenkt kréien…“

Am Joer 2022 huet Autisme-Europe hir nei Campagne “A Happy journey through Life”, also iwwersat “eng glécklech Rees duerch d’Liewen” lancéiert. D’Temoignagë vun autistesche Persoune souwéi vun hire Familljen doriwwer, wéi eng Konditioune mussen erfëllt sinn, fir datt si e glécklecht an erfëllt Liewe féiere kënnen, maachen e groussen Deel vun der Campagne aus. Mir hunn eis mam Sam, selwer am Autismus-Spektrum a vu Beruff „Assistant de direction“, ausgetosch.

FAL: Wann ech Iech soen „A Happy Journey through Life”, u wat musst Dir do direkt denken? Wat mécht fir Iech eng gutt Liewensqualitéit aus?

Sam: Fir mech bedeit dat an éischter Linn, datt ee seng Chance am Liewe kritt. Dat heescht Jidderee soll, ofgesi vu sengem Handicap, Zougrëff op schoulesch Bildung, Zougrëff op sozial Interaktioune mat anere Leit an, wa méiglech, Zougrëff op den éischten Aarbechtsmarché kréien. Ech fannen et wichteg, datt all Persoun déi Adaptatioune kritt, déi si brauch, fir datt hie Aschränkunge keng Barriär méi fir en erfëllt Liewen duerstellen.

Ech sinn allerdéngs der Meenung, datt zu Lëtzebuerg an der Hisiicht nach e gutt Stéck Ophuelbedarf besteet. Wougéint et beispillsweis fir Leit, déi am Rollstull sinn, scho ganz vill Méiglechkeete ginn, wéi si um Liewen deelhuele kënnen, muss ech leider ëmmer rëm feststellen datt, wann et ëm den Autismus geet, mir nach net sou wäit si wéi mir vläicht kéinte sinn. Ech gesinn dat selwer bei mir, ech wëll gär nach weider studéiere goen an hu bei diverse Ministèren ugefrot fir fir de Studium Ënnerstëtzung ze kréien, bis lo leider erfolleglos.

FAL: U wéi eng Adaptatiounen denkt Dir dann do, déi hei zu Lëtzebuerg nach kéinten ëmgesat ginn?

Sam: Wat d’Uni betrëfft, ass et beispillsweis a ganz villen europäesche Länner üblech, datt ee mat der Diagnos Autismus en Urecht op eng Assistenz wärend dem Studium huet, also datt een eng Persoun kritt, déi engem dobäi hëlleft den Alldag an och schoulesch Saachen ze strukturéieren. Wat sozial Interaktiounen ugeet, géif ech et gutt fannen, wann een och nach no der Schoulzäit weiderhin d’Hëllef vun engem Pedagog kéint an Usproch huelen, dee beispillsweis mat engem déi nonverbal Kommunikatioun trainéiere kéint.

Ech mengen dat si just zwou vu villen, einfach ëmsetzbare Méiglechkeeten, déi et ville Leit méi einfach maache géifen, fir besser um Liewen deel ze huelen. Et geet net drëms, datt ee soll eppes geschenkt kréien oder e Virdeel géigeniwwer anere Leit kréien, mee einfach datt, wann ee wëll weider kommen an een och Eegeninitiativ agräift, een dann och déi Ënnerstëtzung kréie soll, déi ee brauch.

FAL: Krut Dir selwer awer schonn Adaptatiounen erméiglecht, déi fir Iech zu engem glécklechen an erfëllte Liewe bäidroen?

Sam: Definitiv. Hei denken ech un éischter Linn u mäi Patron, dee ganz oppe fir meng Situatioun war, a mir am Betrib selwer villes erméiglecht huet. Net nëmmen, datt ech deenen anere Mataarbechter aus der Direktioun erkläre konnt wat mir am Aarbechtsalldag eng Hëllef ass, wéi beispillsweis datt ee mat mir méi kloer an direkt kommunizéiere soll, sou sinn och fir d’Aarbecht selwer Saachen adaptéiert ginn, déi bei eis am Betrib sou eigentlech net üblech sinn. Heizou gehéiert beispillsweis datt eigentlech kee bei eis säi feste Büro huet, a vue datt et awer fir mäi Wuelbefannen essentiell ass, datt ech ëmmer meng fest Plaz hunn, krut ech mäi feste Büro, mat mengem feste Computer.

Zudeem huet mir och mäi schrëftlechen Attest, dee beleet, datt ech am Autismus-Spektrum sinn, villes erméiglecht. Net nëmmen, datt ech säit der Diagnos Zougrëff op d’Servicer vun der Fondation Autisme Luxembourg hunn, sou war dës och e wichtege Punkt fir déi nächst Demarchen ze maachen. Ab dësem Zäitpunkt konnt ech de „Statut du Salarié handicapé“ ufroen, mat deem jo dann och rëm weider Adaptatioune méiglech sinn, a wéinst deem mäi Patron finanziell Hëllef vum Staat kritt.

FAL: Apropos Aarbecht. Wat ass dann Ärer Meenung no allgemeng déi wichtegst Konditioun, déi op enger Aarbechtsplaz muss erfëllt sinn, fir datt Persoune mat Autismus eng Chance um éischten Aarbechtsmarché hunn?

Sam: De Probleem ass, datt den Autismus-Spektrum e breede Spektrum ass, dee bei all Persoun ganz individuell Auswierkunge kann hunn. Grad am sensoresche Beräich kann et ganz ënnerschiddlech sinn, wat d’Persoun brauch, fir en angeneemt Schaffe kënnen ze hunn. Aus deem Grond géif ech prinzipiell soen, datt dat Wichtegst ass, datt eng Persoun mat Autismus entweeder vun Doheem aus schaffe kann, a wann dat net méiglech ass si e feste Büro kritt, am beschte Fall souguer en Eenzel-Büro, wou si dann alles sou ariichte ka wéi et fir si am beschten ass. Dës Weideren hunn ech och fir mech selwer gemierkt, datt et mir eng grouss Hëllef ass, datt ech flexibel Auerzäiten hunn, an ech ka mir virstellen datt dat och fir vill aner Persounen aus dem Spektrum hëllefräich wier.

Zudeem ass et fir eng Persoun mat Autismus essentiell, datt si genau weess, wat vun hir erwaart gëtt an datt hir Aarbecht eng fest Struktur huet. Hei kann et beispillsweis gutt sinn, dat huet mäi Patron mat mir och ëmgesat, datt eng kloer Lëscht gemaach gëtt wou ganz genau d’Kompetenze vun der Persoun fest geluecht ginn an och, wat si selbststänneg am Betrib maachen däerf.

Zu gudder Lescht fannen ech et wichteg, datt eng autistesch Persoun op hirer Aarbechtsplaz eng fest Bezuchspersoun huet, der si vertraut an un déi si sech zu all Moment riichte kann.

FAL: A wéi enger Hisiicht konnt d’Fondation Autisme Luxembourg (FAL) Iech schonn dobäi hëllefen, eng besser Liewensqualitéit ze kréien? Dréit si zu dëser „A Happy Journey through Life“ bäi?

Sam­: Jo, an dofir och e grousse Merci! Den éischte Punkt deen d’FAL scho super gemaach huet, a fir deen ech mech bei hir ganz gutt opgehuewe gefillt hunn, ass datt si d’Diagnos, datt ech am Autismus-Spektrum sinn, gestallt huet. Dobäi kënnt datt ech frou sinn, datt ech bei hinnen eng fest a ganz gutt Uspriechpartnerin hunn, déi ëmmer fir mech do ass an déi mir, wann ech beispillsweis sozial Konflikter op der Aarbecht oder och privat hunn, beschtméiglechst probéiert an der Situatioun ze hëllefen a mir verschidde Saachen ze erklären. Des Weidere krut ech vun hinnen och vill Tipps wéi ech verschidden aner Saachen oder Demarchë ugoe kann, woumat si mir och vill gehollef hunn.

Appell u betraffe Persounen an hir Familljen:

Wat bedeit fir Iech e “glécklecht an erfëllt Liewen“? Mir lauschteren Iech no!

Mail: autisme@fal.lu

Tel: 26 91 11 – 1